Affiche Superjhemp
Ausstellung
Visites guidées
Katalog


De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntester BD zu Lëtzebuerg.
Wéi ass et zu der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner komm?
Wéi vill Lëtzebuerg stécht a Luxusbuerg? A wéi bréngt de Superjhemp et fäerdeg, mat Kachkéis d’Dynastie ze retten
a Luxusbuerg zu engem vun de sécherste Länner vun der Welt ze maachen?
Besicht Luxusbuerg mat sengem pittoreske Patrimoine, sengen ominéise Banken a senge potzpuddelplakege Fraen.
Poznennö!


Fir déi alleréischte Kéier huet eng Allianz aus Comiczeechner, Frënn a Wëssenschaftler eng Expeditioun an de Superjhemp-Univers gewot
an onverëffentlecht Dokumenter, nei Zeechnungen an onerwaarten Erkenntnisser mat zeréckbruecht.
Eng Erliefnisrees duerch dräi Joerzéngte fir déi agefleeschte Fans vun der éischter Stonn a fir déi, déi just de Retörn vum Superjhemp kennen.

 Centre national de littérature
2, rue Emmanuel Servais
L-7565 Mersch

Öffnungszäiten vun der Ausstellung

  • Vum 5. Juni bis den 29. November 2019 vu Méindes bis Freides, 9.00 bis 17.00 Auer
  • Sonndeg, de 16. Juni vun 14:00 bis 18:00
  • Sonndeg, den 30. Juni vun 10:00 bis 18:00 Auer.
    Am Kader vun der Mieerscher Braderie bidde mir Féierungen a Lëtzebuerger Sprooch un. Um 13.00, 14.00, 15.00 an 16.00 Auer. Den Entrée ass fräi mee d'Umeldung ass obligatoresch.
  • Sonndeg de 7. Juli vun 11:00 bis 16:00 Auer
  • Samschdes, 28. September 2019 vun 14.00 bis 18.00 Auer
    Um 14.00 an um 16.00 Auer wäert Iech de Lucien Czuga selwer duerch d’Ausstellung féieren – d’Umellung ass obligatoresch ënner:
    info@ssmn.etat.lu

Visite-guidéeën fir Gruppen op Ufro (och ausserhalb vun den Ëffnungszäiten): cnl@cnl.etat.lu




De Katalog zur Ausstellung kritt Dir an de Librairien oder iwwer shop.literaturarchiv.lu


© Centre national de littérature